Aus dem Liewen
natur musée
5 min
Gebai ass e richtegen Transformer: Viru 700 Joer als Spidol gestart, dunn e Fraeprisong, an haut? Eng Supernova vu Wëssen!
Mat iwwer 8.000 Ausstellungsstécker vun Äerdschichten, déi vill Geschichten ze verzielen hu bis bei Steng, déi esou glënneren, wéi Diamanten. An da léiert Dir de Loschi kennen, de Maskottche vum Musée, mir kucken op interessant Ausstellunge vu Kazen, Orchideeën, bis bei d’Asteroiden.
Mir huelen Iech mat hanner d'Kulissen a stellen d’Panoplie vu Projeten a wëssenschaftleche Studien vir. Dir léiert och d‘Wëssenschaftler:innen an d’Mataarbechter:innen aus deene verschiddene Servicer kennen.
Invitée ass d’Monique Kirsch, Chargée d’études dirigeante
Service communication et des relations publiques
Musée national d'histoire naturelle - natur musée
Informatiounen op www.mnhn.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil