Radioen

On air

Kultur um 5  |  Catch Music Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

search / Album vun der Woch

/ FKA Twigs – EUSEXUA

FKA Twigs – EUSEXUA

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow

An der Musekszeen konnt d’FKA Twigs och scho vill Erfolleg feieren, mat ënnerschiddlechen Auszeechnungen. Och wann den Album CAPRISONGS vun 2022 méi kommerziell war, si mer elo rëm bei der experimenteller Musek zeréck, wat vläit manner zougänglech fir déi breet Mass ass, dowéinst awer méi ausprobéiert an och influenzéiert.




EUSEXUA


Ausschlaggebend bei dësem Album ass eng néi Gefillslag, woufir d’FKA Twigs och e ganzt neit Wuert erfonnt huet: EUSEXUA. Wat heescht dat genau? Et ass schwéier eng konkret Definitioun festzeleeën, mee am allgemengen heescht et Léift, transzendental Euphorie a Fräiheet am breede Sënn. Et ass eppes ganz Perséinleches, mee wann ee wierklech ganz sech selwer ass a present am Moment, da fillt een EUSEXUA.




Ikon


D’Kënschtlerin FKA Twigs zeechent sech och aus, well et sech hei net just em eng Musekerin handelt, mee wierklech em eng Artistin. Si mécht niewent der Musek och Schauspill, ass eng professionell Dänzerin, huet eng ganz spezifesch Ästhetik, wouduerch si och vill Influenzen an der Moud hautzedaags huet, an ass allgemeng an der kreativer Zeen immens engagéiert. Och an hire Museksvideoe gesäit een de Fläiss an d’Suerg, déi bei der Ästhetik matspillt: et ass kloer Performance-Konscht.




Rave


Immens inspiréiert vun der europäescher Rave-Zeen, luet den Album an ze danzen, mee sech dobäi och komplett falen ze loossen. Textlech ginn déi ënnerschiddlech Aart a Weisen erkläert, wei een EUSEXUA erreeche kéint, mee dat ass bei dësem Album net de Schwéierpunkt. Dat ass hei kloer d’Produktioun; an d’Gefiller ginn och iwwert d’Musek riwwer bruecht, well elektronesch Musek funktionéiert och just wierklech gutt, wann do Gefiller matspillen. Deementspriechend: danzen, net nodenken, sech goe loossen, fillen, EUSEXUA!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Divorce - Drive to Goldenhammer

E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
headphones

9 min

play_arrow

Saya Gray - SAYA

Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
headphones

10 min

play_arrow

Tocotronic - Golden Years

Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

Mereba - The Breeze Grew a Fire

Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
headphones

8 min

play_arrow

Sharon Van Etten and The Attachment Theory

No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.
headphones

10 min

play_arrow
Eddie Chacon - Lay Low

Eddie Chacon - Lay Low

Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
headphones

9 min

play_arrow

FKA Twigs – EUSEXUA

Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
headphones

13 min

play_arrow

The Weather Station - Humanhood

Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
headphones

8 min

play_arrow

Franz Ferdinand - The Human Fear

D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
headphones

7 min

play_arrow

MJ Lenderman - Manning Fireworks

Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024
headphones

8 min

play_arrow
White Denim - 12

White Denim - 12

Ee groussaartege Flickenteppech
headphones

11 min

play_arrow
Autumn Sweater - Adult Life

Autumn Sweater - Adult Life

Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.
headphones

8 min

play_arrow
Homer - Ensatina

Homer - Ensatina

Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
headphones

5 min

play_arrow
Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed

Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed

Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.
headphones

7 min

play_arrow
Primal Scream - Come Ahead

Primal Scream - Come Ahead

D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!
headphones

12 min

play_arrow
The Cure – Songs of a Lost World

The Cure – Songs of a Lost World

En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
headphones

13 min

play_arrow
Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me

Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me

Op hirem véierten Album “Clouds In The Sky TheyWill Always Be There For Me” loosse Porridge Radio den Emotiounen a Gittare fräie Laf.
headphones

9 min

play_arrow
Faux Real - Faux Ever

Faux Real - Faux Ever

Eisen Album vun dëser Woch kënnt vun der franko-amerikanescher Band Faux Real an heescht „Faux Ever“.
headphones

13 min

play_arrow
The Smile - Cutouts

The Smile - Cutouts

Jazz, Afrobeat, Mathrock a vill Radiohead-Afloss - sou presentéieren sech The Smile op “Cutouts”
headphones

9 min

play_arrow
Ezra Collective – Dance, No One’s Watching

Ezra Collective – Dance, No One’s Watching

Eisen Album vun dëser Woch ass eng Jazz-Fusion Plack, dréit sech ganz ronderëm den Danz, an danzt dobäi selwer. Danz verbënnt, an dat op vill Manéieren.
headphones

11 min

play_arrow