Radioen

On air

Al Schanken  |  David Crosby - Till It Shines On You (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

Musek a Kultur / Al Schanken

/ It’s only rock’n’roll…

It’s only rock’n’roll…

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Fënnef Joer virdru ware Jagger/Richards a Co. op Tournée uechter d’States, erauskomm ass dobäi den zweete Live vun der Band ‘Get Your Ya Ya’s Out!’ deen am September 1970 op de Maart koum. Dësen héichgelueften Album ass den Owend mat dräi Tracks derbäi. Nei an der Band war deemools de Gittarist Mick Taylor, deen de Brian Jones ersat huet. Hien hat schonns kuerz op ‚Let It Bleed‘ (November 1969) matgewierkt.
Mat der Lou Reed-Kompositioun ‚Waiting For The Man’ där sech de Keith Richards rezent ugeholl huet an zwou Reprisen aus dem Stones-Repertoire (vum Hollänner Hans Theessink a vum Patti Smith) ginn et weider Abléck an de Sound vun den Englänner.

D’Playlist vun haut:

1. Frank Black – Johnny Barleycorn (Fast Man Raider Man, 2006)
2. El Fish – One Kind Of Favor (Rewinder, 1998)
3. Hot Boogie Chillun – Talkin ’bout You (Sweets, 1998)
4. Herman Brood & His Wild Romance – Rock n Roll Junkie (Cha Cha, 1978)
5. Hans Theessink – Sympathy For The Devil (Jedermann Remixed – The Soundtrack, 2011)
6. Patti Smith – Gimme Shelter (Twelve, 2007)
7. Keith Richards – I’m Waiting For The Man (The Power Of The Heart: A Tribute To Lou Reed, 2024)
8. The Rolling Stones – Jumpin’ Jack Flash (live) (Get Your Ya Ya’s Out!, 1970)
9. The Rolling Stones – Honky Tonk Women (live) (Get Your Ya Ya’s Out!, 1970)
10. The Rolling Stones – Street Fighting Man (live) (Get Your Ya Ya’s Out, 1970)
11. Roger Waters – Comfortably Numb (live) (In The Flesh, 2000)
12. Fleetwood Mac – Albatros (single, 1968)

Episoden

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Et geet ëm d‘Lidd

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow