Radioen

On air

Notturno  |  Hokube - The Chant

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Rare Earth live

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war - do hunn an der Haaptsaach schwaarz US-amerikanesch Museker:innen ënnerschriwwen. Mat dem iwwerlaange Stéck “Get Ready“ (21:30) an dem Album mam selwechte Numm hu si am September 1969 eng éischte Kéier fir gréisser Opmierksamkeet gesuergt.
Hire Mix aus Rock, Funk a Soul koum deemools um frësch gegrënnte Motown-Ënnerlabel eraus, deen de Firmeboss Berry Gordy no der Grupp benannt huet, also och Rare Earth.
D’Opname sinn aus dem Joer 1974, opgeholl am Arie Crown Theater zu Chicago. Erauskoume si allerdéngs eréischt 2014 um franséische Label Culture Factory.

Playlist:
1. The Electric Flag - Killing Floor (A Long Time Comin’, 1968)
2. Rare Earth - Hey Big Brother (live) (Rare Earth - live in Chicago, 1974 / erauskomm 2014)
3. Rare Earth - Born To Wonder (live) (Rare Earth - live in Chicago, 1974 / erauskomm 2014)
4. Was (Not Was) - Papa Was A Rolling Stone (Are You Okay? 1990)
5. Betty Davis - Your Mama Want You Back (They Say I’m Different, 1974)
6. Rare Earth - You Know I’m Losing You (part 1 & 2) (live) (Rare Earth - live in Chicago, 1974 / erauskomm 2014)
7. James Brown - Papa Don’t Take No Mess (Hell, 1974)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Down Macon, Georgia

De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent.
headphones

60 min

play_arrow

Carla Olson a Mick Taylor live

Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ...
headphones

60 min

play_arrow

Cactus live

Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass.
headphones

60 min

play_arrow

Let’s go live!

Mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album
headphones

60 min

play_arrow

Zeréck am Ring!

Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis.
headphones

60 min

play_arrow

Ian Hunter and Calvin Russell live

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemools vum David Bowie ...
headphones

60 min

play_arrow

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.
headphones

61 min

play_arrow

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Et geet ëm d‘Lidd

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow