Concert Euroradio
Concert Euroradio: Oper
Aïda ass déi populäersten Oper vum Giuseppe Verdi, virun allem duerch de bekannten Aïda Marsch mat den extra dofir gebauten Aïda-Trompetten. D’Première war de 24. Dezember 1871 zu Kairo.Am Kader vum 200. Anniversaire vum Giuseppe Verdi proposéiert de Manuel Ribeiro Extraiten aus dem Live-Matschnëtt vun der Lyric Opera vu Chicago den 21. Januar 2012, opgeholl vun engem amerikanesche Radio.An den Haaptrollen: Sondra Radvanovsky, Marcello Giordani, Jill Grove, Gordon Hawkins, Raymond Aceto an Evan Boyer. De Lyric Opera Chorus and Orchestra of Chicago stinn ënnert der Direktioun vum Renato Palumbo. (Rediff. vum 15.10.2013)