Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Zënter Woche scho gëtt mat ganz vill Emotiounen iwwert de Biotopkadaster diskutéiert, deen u sech geduecht ass, fir den immens dramateschen Aarteschwund hei zu Lëtzebuerg ze bremsen. Bauerenorganisatiounen bemängelen ënner anerem, datt iwwert hir Käpp ewech, a virun allem ouni si iwwerhaapt z’informéieren Hektaren an Hektaren gutt Wisen zu Biotopen emdefinéiert goufen, an datt se dowéinst an Zukunft vill manner Fudder fir d’Béischte wäerten hunn. Den Détail kann ee sech op http://agriculture.geoportail.lu/ ukucken. D’Emweltministesch Carole Dieschbourg hëlt Stellung zu de ville Virwërf.(Rediff. um 13.20)