Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
“Gravity, le Luxembourg à la conquête de l’espace”, dat ass d’Iwwerschrëft vun enger cinématografescher Soirée nächste Mëttwoch am Utopolis um Kierchbierg. Et invitéiert de GLAE, “Groupement Luxembourgeois de l’aéronautique et de l’espace”, dee mam Blockbuster “Gravity” a mat enger ganzer Rëtsch héichkarätegen Invitéën (wéi z.b. de franséischen Astronaut François Clervoy, dee scho selwer op der ISS war) probéiert, déi jonk fir d‘Raumfahrt ze begeeschteren. Am Interview ass den Yves Elsen, President vum GLAE.(Rediff. um 13.20)