Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Datt d’Mënschheet wäit iwwert hir Verhältnisser lieft, an datt mer, wa mer weider just op Wiertschaftswuesstem setzen deemnächst widder eng Mauer knuppen, ass zënter Joere gewousst. De Anders Wijkman, fréieren Europadeputéierten an ë. a. Vize-President vum renomméierte Club of Rome zeechent konkret Léisungsusäz op, déi weise, wéi mer mëttelfristeg aus dem Däiwelskrees erauskommen. Den Här Wijkman hält haut den Owend op Invitatioun vu Caritas Lëtzebuerg an aneren Institutiounen eng Konferenz am Hôtel Parc Belle Vue iwwerschriwwen Bankrupting nature, denying our Planetary Boundaries. Am Virfeld vu sengem Optrëtt ënnerhale mir eis mam schwedesche Politiker.(Rediff. um 13.20)