Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’lescht Woch koum d’Nouvelle, datt amerikanesch Fuerscher souzesoen den Echo vum Big Bang vu virun ongeféier 14 Milliarde Joeren héieren hunn. Domat hätte mer den éischten direkte Beweis fir di kosmesch Inflatioun, déi mam Urknall an d’Wee geleet ginn ass. Iwwert dës wëssenschaftlech Sensatioun ënnerhale mir eis mam Astrophysiker Dr Jean-Luc Lehners, deen op de fréien Universum spezialiséiert ass, an um Max-Planck-Institut fir Gravitatiounsphysik zu Potsdam dozéiert.(Rediff. um 13.20)