Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Zanter e leschte Freideg ass de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir eng Tournée vu 5 Concerten a Spuenien. Logroño, Murcia, Alicante, San Sebastián a Saragossa sinn d’Statioune vun dëser Tournée, déi bis elo ee grousse Succès war. Nieft ronn 100 Museker a Leit vum Management reesen och Instrumenter an aner Accessoiren mat. Fir déi op d’Plaz ze kréien, fir d’Scène anzeriichten an herno nees ze raumen, duerfir ass d’Orchesterregie zoustänneg. De Guy Engels huet sech mam Christophe Galéota, engem vun den Orchesterregisseuren, iwwert d’Logistik vun esou engem Déplacement ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Invité vum Dag - Claude Turmes

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen