Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

De Centre National de l’Audiovisuel, CNA, organiséiert dëse Freideg a Samschdeg, fir d’4. Kéier d’Portfolio Days, am Diddelénger Pomhouse: fir de Grand Public dierft virun allem d’Portfolio Night interessant sinn, wou een d’Méiglechkeet huet fir 36 Portfolioën um groussen Ecran ze kucken, dat Ganzt ënnermoolt mat Musek vu Chez.Kito.Kat Records. Fir Kultur am Gespréich huet den Yves Stephany mam Marguy Conzemius vum CNA iwwert d’Portfolio Days & Night geschwat. Eng grouss Ännerung, déi direkt opfällt ass jo déi, datt dës Manifestatioun elo méi laang dauert wéi bei den Editioune virdrun. Dozou d’Marguy Conzemius, am Gespréich mam Yves Stephany.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Invité vum Dag - Claude Turmes

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen