Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Rezent op der Vakanzefoire konnt ee sech Iddie maachen, wou een die nächst fräi Zäit kann hi reesen. Aus aktuellen Ursaachen also huet d'Asbl Natur&Emwelt e Communiqué gemaach iwwert d'Nohaltegt Reesen, a besonnesch opmierksam gemaach op d'Problematik vun den Zuchvigel, déi am Mëttelmierraum mat Milliounen an Netzer gefaangen, an dono um Maart als Delikatesse ugebuede ginn. Dass dëst Geschäft éischtens illegal ass, an zweetens de Bëstand vun de Villercher och bei eis signifikativ bedréit, doriwwer huet d'Nathalie Bender sech mam François Benoy vun Natur&Emwelt ënnerhalen.(Rediff vu 7.35)