Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Gëschter Owend goung zu Saarbrécken déi 35. Editioun vum Max Ophüls-Filmfestival op en Enn. Dëse Festival, deen 1980 gegrënnt an nom grousse Cinéast Max Ophüls, engem gebiertege Saarbrécker, benannt ass, gëtt als eng wichteg Manifestatioun fir den däitsch-sproochege Film ugesinn, wou virun allem jonk Leit dee méiglecherweis entscheedende Coup de Pouce fir hir Karrière kréien. Fir “Kultur am Gespréich” huet d’Cléo Thoma mam Philipp Breuer, dem kënschtlereschen Direkter vum Max Ophüls-Filmfestival, en Interview iwwer Telefon gemaach, an hie fir t’éischt no sengen Andréck vun der Präis-Iwwerreechung, gëschter Owend, gefrot.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen