arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Am europäesche Kaderprogramm Horizon2020, deen d’Recherche an d’Innovatioun hei an Europa ënnerstëtzt, a virun allem finanzéiert, geet et em richteg vill Suen, nämlech em ongeféier 80 Milliarden Euro, déi vun elo un bis 2020 budgetéiert sinn. Fir de Programm um Terrain ëmzesetzen, ginn et an all Land sougenannt “Points de contacts nationaux”. Hei am Land ass dat d’Luxinnovation, an de Jean-Michel Ludwig vu Luxinnovation war de Moie beim Marie-Paule Fischbach am Studio, fir de Programm Horizon 2020 virzestellen. (Rediff. vu 7.35)