Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’Regierung wëll den Automobilsekteur hei zu Lëtzebuerg ausbauen. Am Ablack schaffen ëm déi 9’000 Leit an den diversen Zouliwwerbetrieber fir d’Automobilindustrie. Bis 2017 sollen eng Rutsch nei Betriber sech hei am Land usidelen, a 500 nei Aarbechtsplazen sollen entstoen. E wichtegt Instrument fir dës éiergäizeg Ziler ëmzesetzen, ass de sougenannten Automobil Cluster, deen an d’Liewe geruff gëtt. Zu dem Thema huet d’Marie-Paule Fischbach sech de Moie mam Paul Schockmel ënnerhalen, dem President vun der ILEA, “Industrie luxembourgeoise des équipementiers de l’automobile”.(Rediff vu 7.35)