Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Den Eurosonic ass dee wichtegste Festival an Europa, fir nei Talenter aus de Beräicher Rock, Pop, Elektro an Hip Hop z’entdecken. Agenten a Bookeren aus aller Welt gi sech all Joer am Januar an där nord-hollännescher Stad Groningen Rendezvous. Och de radio 100,7 ass als Member vun der EBU um Festival bedeelegt, an huet der Formatioun ‘Say Yes Dog’ dëst Joer e Slot um Eurosonic organiséiert. Den Yves Stephany mellt sech live vu Groningen mat Interviewe mat Artisten an exklusive Concerts-Extraiten: hien ënnerhält sech mat de lëtzebuerger Artisten, déi zu Groningen spillen. Donieft geet et ëm d’Gaaschtland vun dësem Joer: Éisterräich. Mat Mataarbechter vum Exportbureau geet Rieds iwwer déi eenzegarteg, éisterräichesch Musekzeen. Selbstverständlech gëtt et och vill gutt Musek vu Gruppen, déi um Eurosonic optrieden an exklusiv Live-Matschnëtter vun deenen éischten 2 Festival-Deeg.

17.1.2014 - Eurosonic Live

mat um 19.00 dem Nioriichteniwwerbléck

(Rediff. muer um 11.05)

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Panorama

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen