Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

An der Stater Cinémathéik lafen dëse Mount 3 Retrospektiven un. Am Hibléck op säi 65. Gebuertsdag ginn, an engem Zäitraum vun 3 Méint, sämtlech Filmer vum spuenesche Cineast Pedro Almodóvar gewisen, dee mat Wierker wéi “Átame!”, “Hable Con Ella” oder, do virdrun, “Femmes au bord de la crise de nerfs” sech zu engem Schwéiergewiicht vum internationalen Autorekino entwéckelt huet. Am leschte Filmmagazin, deen Dir och an onsem Archivprogramm erëmfannt, hate mer ausféierlech doriwwer Rieds.
An der Rubrik “Kultur am Gespréich” hëllt d’Cléo Thoma am Gespréich mam Marc Scheffen vun der Cinémathéik haut déi zwou aner Retrospektiven ënnert d’Lupp, déi een an deenen nächsten Deeg a Wochen an de Kino op der Theaterplaz ka kucke goen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen