Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Kultur am Gespréich

Genie und Festung heescht eng Ausstellung am Musée Dräi Eechelen, déi nach bis den 31. Mäerz 2014 dauert. D’Ausstellung, entstanen am Kader vum Kooperatiounsofkommen vun 2012 tëscht dem Musée national d’histoire et d’art an der Staatsbibliothéik zu Berlin, weist, an dat eng éischte Kéier, e Choix vun 71 Originalpläng vun der Festung Lëtzebuerg. Déi fir d’Ausstellung restauréiert an digistaliséiert Pläng dokumentéieren d’Entwécklung vun der Festung vum 17. bis an d’19. Joerhonnert.
D’Sylvie Flammang huet sech, no enger spannender Visite guidée, mat de Kommissairë vun der Ausstellung François Reinert an Aender Bruns iwwert Genie und Festung ënnerhalen.
Als éischt reagéiert de François Reinert op d’Feststellung, datt den Titel Genie und Festung ‘aussokräfteg an zweedeiteg’ ass.
 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Invité vum Dag - Claude Turmes

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen