Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
Wann een an engem edukative Beruff mat Meedercher an/oder jonke Fraen ze dinnn huet déi Iessstéierungen hunn, oder sech selwer blesséieren, wéi soll een dann adäquat reagéieren? Méiglech Äntwerten op dës Froe ginn et haut de ganzen Dag iwwer an engem Seminar, iwwert deen d’Nathalie Bender sech de Moie mat der Miria Gavilli-Heuper, Educatrice a Matorganisatrice vum Seminar, der Ergotherapeutin a Kierperpsychotheraputin Katja Engelhard an der Psychologin Anne Mundt ënnerhalen huet.Die éischt Fro un d’Miria Gavilli-Heuper war, wat dann den ausschlaggebende Punkt war, fir dësen Aarbechtsseminar fir Fachpersonal aus dem edukativen Beräich ze organiséieren.(Rediff. vu 7.35)