Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
D’Design Friends Luxembourg starten elo schonn an hir 5. Saison – “Season 5” ass gutt gefëllt mat Evenementer am Bezuch op Design, an enger ganzer Serie vu Konferenzen iwwer ënnerschiddlech Forme vun Design – mat renomméierten Experten aus deem Beräich. Schonn de 16. Oktober ass eng Konferenz iwwert “Scent-design” – also Design vu Geréch.D’Nathalie Bender huet sech mat der Presidentin vun den Design Friends, Nadine Clemens ënnerhalen a wollt och wëssen, wiesou Design Friends sech als “kleng Schwëster” vun Design Luxembourg, der Federatioun vum Design, bezeechnen.(Rediff. vu 7.35)