Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Angscht hunn ass natierlech an heinsdo souguer iwwerliewenswichteg. Awer Angscht a Form vun enger Stéierung ass bis haut eng Symptomatik, déi kee sech selwer, geschweisch anere wëllt agestoen, an och nëmme seelen als dat, wat et ass, erkannt gëtt: en Zeeche vum Kierper, datt et Zäit gëtt, besser no sech ze kucken.Wien zu Lëtzebuerg ënnert enger Form vun Angschtstéierung leid, ka sech Hëllef huele bei der L.A.S.H. asbl, der Lëtzebuerger Angschststéierungs Hëllef.Iwwert dësen dacks ënnert den Teppech gekierten Thema, deen awer vill Leit trëfft, huet d'Nathalie Bender mat der Vize-Presidentin vun der L.A.S.H.asbl, der Liette Welter, geschwat.(Rediff. vu 7.35)