Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Schonn zanter dem leschte Freideg an nach bis de 27. Oktober sinn nees “Journées du Patrimoine”, organiséiert vum Service des Sites et Monuments Nationaux zesumme mat der Fondation de l’Architecture et de l’ingéniérie. Während dësem Mount huet een als Bierger vill verschidde Geleeënheeten fir “Patrimoine” zu Lëtzebuerg ze gesinn, ze betrieden, an iwwerhaapt och méi iwwert de Begrëff “Patrimoine" gewuer ze ginn.D’Nathalie Bender huet sech de Moie mam Direkter vum Service des Sites et Monuments Nationaux, dem Patrick Sanávia, ënnerhalen, a wollt fir d’éischt wëssen, firwat dëst Joer d’Iwwerschrëft vun de Journées du Patrimoine “Ass daat en Denkmal” ass?(Rediff vu 7.35)