Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
30 min
Muer ass den europäeschen Dag vun der jüdescher Kultur, an do ronderëm ginn eng Rutsch Aktivitéiten an 30 verschiddene Länner proposéiert, dorënner och Lëtzebuerg. Thema dëst Joer ass de jüdeschen Héritage an d’Natur. No aneren Theme wéi Musek, Judaismus an Edukatioun oder dem jiddesche Kalenne,r fir nëmmen déi erauszepicken, schéngt d’Natur en zimlech ongewéinlecht Thema fir jiddesch Kulturdeeg ze sinn. De François Moyse, President vum Consistoire israélite Lëtzebuerg gëtt dem Marie-Paule Fischbach weider Informatiounen zum Thema.(Rediff. vun 7.35)