Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Vun haut de Mëtteg u bis e Méindeg ass d’Semaine nationale du Logement an den Ausstellungshale vun der Luxexpo um Kierchbierg. Hei sinn Acteuren aus alle Beräicher vum Logement ënnert engem Dach zesummen, vun de Promoteuren iwwert d’Banke bis hin zu de Verwaltungen, wou ee beispillsweis finanziell Ënnerstëtzung kritt. D’Architektin Diane Dupont aus dem Ministère du Logement war de Moie beim Marie-Paule Fischbach am Interview, fir déi 20t Editioun vun der Semaine nationale du Logement virzestellen.(Rediff. vu 7.35)