arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
De Lycée Josy Barthel, besser bekannt als Mamer Lycée feiert seng 10 Joer mat enger Sensibiliséierung ronderëm Bicher liesen. Si invitéieren op d’Ausstellung “Look who’s reading” an der Belle Etoile, dann ass e Samschden de Mëtteg d’table ronde “Comment faire entrer la culture du livre chez soi” am Café vun der Librairie Ernster, an ausserdeem ginn och Liesungen op der selwechter Plaz ugebueden. D’Diane Thill, Däitschprofessesch am Lycée Josy Barthel, stellt de ganze Projet vir.(Rediff. um 13.30)