Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
Fir d'5te Kéier schonn organiséieren d'Klima-Bündnis Lëtzebuerg an de Mouvement écologique d‘Aktioun «Op Kannerféiss duerch d'Welt- vill gréng Meile fänken, an dobäi un d‘Ëmwelt denken». Et ass en europäesche Projet, an deem et drëm geet, datt Kanner léiere sollen, sech am Alldag ouni Auto ze déplacéieren. De Paul Polfer, Koordinator vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg war de Moien zu dem Thema beim Marie-Paule Fischbach am Interview. (Rediff. vu 7.35)