Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
D’lescht Woch hunn d’Gewerkschaften an d’Bankenassociatioun ABBL eng Konventioun iwwer Mobbing am Bankesekteur ënnerschriwwen. An Zukunft kënne Bankemployéen, déi sech gemobbt fillen, sech anonym un d’”Association pour la santé au travail du Secteur financier” (ASTF) wenden, wou se gratis berode ginn. Am Interview begréisse mer de Soziolog Patrice Marchal, deen als psycho-soziale Beroder bei der ASTF schafft. Am Interview geet net nëmme Rieds iwwer Mobbing, mee och iwwer aner Forme vu Gewalt, deenen d’Salariéën an engem méi wéi onsécheren Emfeld ausgesat kënne sinn.(Rediff. um 13.30)