Invité:e vum Dag
Invité vum Dag
15 min
D'lescht Woch hunn déi dräi Gewerkschaften ALEBA, OGBL an LCGB engersäits, an d‘Direktioun vun der Bankenassociatioun ABBL anerersäits, eng Konventioun iwwert de Mobbing am Bankesekteur ënnerschriwwen. An Zukunft kënne Leit, déi sech gemobbt fillen, sech gratis an anonym un d'ASTF, un d'”Association pour la santé au travail du secteur financier” wenden, wou se Hëllef kréien. Invité vum Dag war an dem Kontext de Soziolog Patrice Marchal, psycho-soziale Beroder bei der ASTF. D’Marie-Paule Fischbach huet him als éischt d’Fro gestallt, ob mer hei am Land bei der Bekämpfung vum Mobbing net wäit hannendra sinn. (Rediff vu 7.35)