Genuddels a Gejiips
Charles Mingus a Max Roach Live at Cafe Bohemia
60 min
Den Charles Mingus huet dem Be-Bop um Kontrabass de Fong ginn. Hie war awer och ee ganz verséierte Komponist an huet sech getraut aus dem Kader auszebriechen. Mam Max Roach huet hien ee Partner fonnt, dee seng musikalesch Visioun konnt deelen. 1952 hu si de Label Debut Records gegrënnt, wou och dës Live-Opnam aus dem Cafe Bohemia vun 23. Dezember 1955 drop released gouf, an zwou Kéieren: 1956 an 1964. D'Sets, déi si do zum Beschte ginn, si vun enger grousser kreativer Verspilltheet souwéi engem Hang zum Fräie gepräägt, wat ee besonnesch op de Stécker "Drums" an "Percussion Discussion" héiert. Dir héiert eng sëlleg Standarden, mee och fréi Mingus-Originaler, déi haut nach erfrëschend an nei kléngen. Presentéiert vum Pol Belardi.