Ronn 40 Joer well fuerscht den Damien Sagrillo am Beräich vun der Lëtzebuerger Museksgeschicht, sief et konzentréiert op ee Komponist, méi global iwwer seng Kontributiounen zum Lëtzebuerger Musekslexikon oder och iwwer seng Spezialisatioun an de Beräicher Blosmusek a Musekseethnologie.
Dës 40 JoerFuerschung huet de Professer op der Uni Lëtzebuerg a seng Lëtzebuerger Museksgeschicht afléisse gelooss. En Ofschloss ass dës Publikatioun awer net, wéi hien dem Luc Boentges am Gespréich verréit.