Presserevue
Presserevue
4 min
Iwwer 200 Tonne Bauschutt wiere viru knapp véier Joer an engem Stéck Bësch am Grenzgebitt bei Bieles ouni Autorisatioun ofgelagert ginn, am franséische Rédange, esou d'Luxemburger Wort. D'Responsabilitéit fir d'Entsuergung géif wéi eng waarm Gromper weidergereecht ginn.
"Was hat das Nationalarchiv zu verbergen?", mat där Fro beschäftegt sech d'Tageblatt. Den Historiker Benoît Majerus kritiséiert Schwieregkeete bei der Asiicht an Akten.
Den Online-Magasinn Reporter huet ee Portrait iwwer den CSV-Politiker Christophe Hansen verëffentlecht: hanner der Kandidatur vum Europa-Deputéierte bei de Chamberwale géif Calcul stiechen. Hie wier op der Lëscht, well hien der Meenung wier, datt d'CSV et an eng Regierung kéint packen, esou de Christophe Hansen.