arrow_back_ios
Aktuelles
Liewenmëttelsécherheet op der Fouer
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Fir datt Dir beim Iessen op der Schueberfouer op déi néideg Liewensmëttelhygiène ziele kënnt, ass d'ALVA am Asaz, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire.
D'ALVA, fréier einfach d'Santé genannt, kontrolléiert d'ganz Joer iwwer Restauratiounsbetriber a Supermarchéen zu Lëtzebuerg a suergt esou fir e gewëssen Qualitéitsstandard an der Liewensmëttelhygiène.
Op der Fouer sinn eng Dose Beamte vun der ALVA am Asaz. E Bäitrag vum Stéphanie Bisenius