Aktuelles
Bréissel decouragéiert d'Autosfuerer
3 min
Vum Auto op de Vëlo: Dat schéngen an der Stad Bréissel ëmmer méi Leit ze maachen. Viru genee engem Joer gouf mat "Good Move" en neie Mobilitéitsplang lancéiert - dee virun allem d'Automobiliste sollt decouragéieren, duerch de Stadzentrum ze fueren. Gläichzäiteg goufen nei Vëlospisten ageféiert a Foussgängerzonen ausgebaut.
Enger éischter Evaluatioun no weist de Plang däitlech Resultater: Par rapport zu zejoert goufe 27 Prozent manner Autoen a 36 Prozent méi Vëloe gezielt. Domat wieren d'Erwaardungen iwwertraff ginn, seet de Mobilitéits-Schäffen vun der Stad Bréissel, de Bart Dhondt. D'Danièle Weber huet mat him geschwat.