Aktuelles
Demande fir dräi nei EU-Sproochen
3 min
24 Sproochen sinn den Ament an der Europäescher Unioun offiziell unerkannt. Lëtzebuergesch ass bekanntlech keng dovunner. De Grand-Duché huet bis elo ni esou eng Demande bei der EU agereecht, och wann d'Diskussioun heiansdo opkoum.
Spuenien awer huet elo esou eng Ufro gemaach - an zwar, datt nieft dem kastileschen, och katalounesch, galizesch a baskesch als EU-Sprooch sollten unerkannt ginn. Op d'Iwwersetzungs-Servicer vun den EU-Institutiounen kéim däitlech méi Aarbecht zou.
D'Danièle Weber doriwwer, wat dat fir d'EU bedeit an och iwwer d'Chancen, datt déi Demande um Enn Succès huet.