Aktuelles
Geplangten EU-Subsiden däitlech ënner dem US-Plang
3 min
Viru genee engem Joer huet den amerikanesche President Joe Biden ee Gesetzespak lancéiert mat generéise Subventioune fir d'Industrie méi klimafrëndlech ze maachen. Zanterhier gouf massiv investéiert, Observateure schwätze vun engem richtegen Industrieboom. D'Äntwert vun der EU dorop fält am Verglach éischter bescheiden aus.
D'Propos, déi d'Europäesch Kommissioun Enn Juni op den Dësch geluecht huet, gesäit eng Plattform fir Investitioune mat zéng Milliarden Euro vir. Dat ass däitlech manner wéi déi wäit iwwer 300 Milliarden US-Dollar, déi an den USA fléisse sollen. Experte warnen, datt d'EU hei de Kierzeren zitt.
Detailer vum Danièle Weber