Aktuelles
D'Fraen am Afghanistan
Virun zwee Joer hunn déi islamistesch Taliban am Afghanistan d'Muecht iwwerholl. Zanterdeem huet sech d'Situatioun virun allem fir d'Fraen an d'Meedercher am Land extreem verschlechtert. Duerch den Aarbechtsverbuet fir d'Fraen gëtt och déi humanitär Aarbecht vun Net-Regierungsorganisatiounen erschwéiert.
Caritas Lëtzebuerg geréiert néng Klinicken am Afghanistan. Virun allem d'Verbreeede vu Lepra an Tuberkulos wier an direktem Zesummenhang mat de Rechter vun de Fraen, esou de Francois Large, de Coordinateur vun de Caritas Lëtzebuerg-Projeten an Afghanistan. D'Ana Angel huet mat him geschwat.