arrow_back_ios
Aktuelles
Radiologie: Skepsis géintiwwer Investisseuren ass grouss
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Ee Grupp vun Investisseure géif gären en neie Radiologiezentrum fir IRMen, Scanner a Mammographien zu Esch ubidden: Dat ass mam neie Gesetz iwwer de Virage ambulatoire prinzipiell méiglech. Viraussetzung ass awer, datt den Hygie Group ee Spidol als Partner fënnt. Well just Spideeler dierfen déi nei ambulant Antenne bedreiwen, déi d'Gesetz ënner anerem am Beräich vun der Radiologie erlaabt. Mee d'Skepsis géintiwwer Partnerschafte mat Investisseuren ass grouss. D'Pia Oppel informéiert.