Aktuelles
649 Kandidaten trieden den 8. Oktober un
3 min
Bei de Chamberwalen a knapp zwee Méint wäerte méi Parteien oder Gruppéierungen untriede wéi bei de leschte Walen 2018. Viru fënnef Joer waren et der zéng, an dës Kéier wäerten et der 12 sinn, déi allerdéngs net alleguerten an alle véier Walbezierker untrieden. Déi dräi Regierungsparteien LSAP, DP an déi gréng, grad wéi déi véier aktuell Oppositiounsparteien an der Chamber CSV, ADR, Piratepartei an déi Lénk wäerten awer - ouni Iwwerraschung - mat all Kéier komplette Lëschten an deene véier Bezierk untrieden. De Serge Kesseler resuméiert.