Aktuelles
Body-Cams: Preventioun an Deseskalatioun
3 min
Bal 1.700 Polizisten zu Lëtzebuerg sollen an Zukunft mat sougenannte Body-Cams ekipéiert ginn. Dat néidegt Gesetz gouf an der Chamber ugeholl. Et goufen zwou Nee-Stëmmen a 27 Enthalungen. Et geet ëm Preventioun, mee och ëm Deseskalatioun. Et gëtt eng streng Ënnerscheedung tëschent ëffentlechem a privatem Raum. Aus dateschutzrechtleche Grënn dierfen Enregistrementer am private Raum nëmmen ënner spezifesche Bedingunge virgeholl ginn, zum Beispill bei schwéiere Verbriechen. Bei dësem Punkt koum vill Kritik.
Detailer vum Sophie Schroeder