Aktuelles
Observatoire fir Klimapolitik: CO2-Steier misst sech vervéierfachen
4 min
Den Observatoire fir Klimapolitik (kuerz OPC) fënnt, datt eng CO2-Tax vu 45 Euro pro Tonn - wéi vum nationale Klima- an Energie-Plang virgesinn - net héich genuch ass an dofir laut STATEC am Bau- an am Industrie-Secteur net dozou féiert, datt d'Emissiounsziler erreecht ginn. Den OPC proposéiert, datt d'CO2-Steier op 200 Euro d'Tonn verlafe soll. Esou kéint de Staat nach méi Recetten am Kontext vun der Energietransitioun nees ëmverdeelen.
D'Morgane Weidig huet mam President vum OPC, dem Andrew Ferrone, doriwwer geschwat.