Op iwwer 30 Plaze ginn d'Concerte vum Mosel Musikfestival dëst Joer gespillt. Dorënner sinn den Doum zu Tréier, verschidde Wäin-Domainen, an och fënnef Plazen zu Lëtzebuerg. Dank der Mosel Musikfestival ASBL, déi et zanter Februar gëtt, ass Lëtzebuerg elo offiziell och mat dobäi.
Den Tobias Scharfenberger huet dem Marie Schockmel méi verroden iwwer de Programm vum Festival, dee vun haut (14.07.) bis den 3. Oktober leeft.