Aktuelles
Wann et déi falsch trëfft
5 min
A Frankräich suergt den Doud vum 17-järegen Nahel duerch e Polizist fir Roserei. Fir esou vill Roserei, datt et virun allem an der Nuecht viru fënnef Deeg a ville Stied zu Ausschreidunge koum. Et ass net déi éischte Kéier, datt et zu esou Onrouen a Frankräich kënnt, an et ass och net déi éischte Kéier, datt se sech géint Policegewalt riichten. Och zu Metz koum et an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg zu Ausschreidungen. D'Mediathéik zu Borny gouf dobäi a Brand gestach an ass komplett ofgebrannt. D'Ana Angel war gëschter Owend (5.7.) op der Plaz.