Aktuelles
Beim Strofmündegkeetsalter ginn d'Meenunge weider auserneen
4 min
Den nächste Mëttwoch ass eng Entrevue tëschent dem Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, der Mënscherechtskommissioun an der Justizministesch virgesinn. Et geet op en Neits ëm d'Reform vum Jugendschutz. Déi geplangte Reform gesäit eng strikt Trennung tëschent dem Volet Schutz an dem Volet Strofrecht vir. Déi entspriechend Gesetzesprojete goufe virun engem gudde Joer deponéiert. Op verschidde Punkte si sech déi concernéiert Acteuren awer nach net eens. Ënner anerem beim Strofmündegkeetsalter.
D'Marlène Clement informéiert.