De Gustavo Gimeno feiert Enn Juli e wichtegen Debut a senger Karriär. Mee fir d'éischt ass hien awer elo nach zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a mat der Yuja Wang an Europa ënnerwee. Verschidden Destinatiounen bréngen de Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker nees zeréck a seng Vergaangenheet - zum Beispill an déi Zäit, wou hien nach Perkussionist am Concertgebouw Orchester war ...
De Christophe Mirkes huet sech mam Gustavo Gimeno doriwwer ënnerhalen.