Aktuelles
Coronavirus: Virsiicht beim Tour de France
3 min
D'Fans vum Vëlossport komme vun iwwermuer un erëm op hir Käschten: den Tour de France geet un, vu Bilbao am Baskeland geet et dës Kéier lass. Mat dobäi si jo och dräi Lëtzebuerger Coureuren, an - hoffentlech - keen ale Bekannten. Rieds ass vum Coronavirus. Well dee beim Giro d'Italia am Mee fir eng Rei Ausfäll gesuergt huet, wëllt ee beim Tour de France elo op Nummer sécher goen. D'kippe sinn opgeruff erëm ee Mondschutz unzedinn - a si wäerten nëmme limitéiert kënnen erausgoen.
Den ARD-Korrespondent Sebastian Kraus huet bei däitsche Vëlossportler nogefrot, wat dat mat hinne mécht.