Aktuelles
Eng Petitioun géint Certificats de Virginité zu Lëtzebuerg
4 min
Sougenannt Certificats de Virginité sollen hei zu Lëtzebuerg verbuede ginn. Dat fuerdert eng Petitioun, déi elo de Seuil vun 4.500 Ënnerschrëften iwwerschratt huet. Wärend a Frankräich een Dokter, dee bescheinegt, ob eng Fra Jongfra ass oder net, bis zu 30.000 Euro Strof an zwee Joer Prisong riskéiert, gëtt et zu Lëtzebuerg nach keen explizitt Gesetz dozou.
Eng vun den zwou Petitionärinnen ass d'Enji Ismaili. Si schafft als Assistante Sociale am Sepas vum Lycée Belval an huet d'Erfarung gemaach, datt et d'Mammen sinn, déi esou ee Onscholds-Zertifikat froen. Dobäi ass d'Virginitéit medezinesch net noweisbar. De Problem géif hei kloer am Mangel un Opklärungsarbecht leien, esou d'Petitionärin.
Där Meenung ass och de Planning Familial, deen dës Petitioun ënnerstëtzt. D'Presidentin Ainhoa Achutegui erkläert, datt de Planning Familial all Demande fir esou een Onscholds-Zertifikat systematesch ofleent.
D'Sophie Schroeder mat weideren Detailer