arrow_back_ios
Song vum Dag
Schnéimännchen
Dir kënnt Iech sécher virstellen, wéi d'Fans vun der Kultband Blonde Redhead op d'Annonce vun enger Reunioun vun der Band dëst Joer reagéiert hunn. "Sit Down For Dinner" ass der Indierock-Band hiren éischten Album zanter 2014 a gouf kierzlech fir den 29. September annoncéiert.
De Marc Clement huet déi nei Single "Snowman" als Virgeschmaach matbruecht.