Aktuelles
EU-Länner gi sech eens iwwer gemeinsam Asylpolitik
Déi 27 EU-Länner si sech op hirer Reunioun um Kierchbierg eens ginn, iwwer déi grouss Linne fir nei Reegelen fir d'EU-Asylpolitik.
Länner, wéi zum Beispill Italien, wou besonnesch vill Refugiéen ukommen, sollen an Zukunft vun enger obligatorescher "Solidaritéit" kënne profitéieren. Dat heescht, datt si entweder Refugiéen an aner EU-Memberen kënne schécken oder eng finanziell Entschiedegung kréien.
Lëtzebuerg huet de Kompromëss, iwwer deen d'Ministeren gëschter (8.6.) dee ganzen Dag verhandelt hunn, um Enn matgedroen. Och wann een net mat all Punkt d'accord ass.
D'Danièle Weber mat den Detailer