arrow_back_ios
Aktuelles
Ali Ruckert KPL: "Zu Esch hu mer eist éischt Walzil schonn erreecht"
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Déi kommunistesch Partei Lëtzebuerg trëtt bei de Gemengewale mat dräi komplette Lëschten un - zu Déifferdeng, Rëmeleng an Esch Uelzecht. Zu Rëmeleng ass d'KPL zanter 2017 am Schäfferot mat der LSAP, zu Déifferdeng ass de KPL President Ali Ruckert zanter 2011 am Gemengerot. De Pierre Reyland huet mat him iwwer d'Erwaardungen an d'Prioritéite vun der KPL fir dës Gemengewale geschwat.