arrow_back_ios
Song vum Dag
D'Häerz brécht ironesch
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
"Super Monster" huet der New Yorker Musekerin Claud hiren Debut geheescht, "Supermodels" huet si den Nofollger genannt. An déi lescht Single-Auskopplung "Wet" kléngt dann och no den 1980er, dem Joerzéngt an deem aus Mannequine fir d'éischt Superstare goufen. E Superstar ass d'Claud nach net, de Look an de Sound stëmmen awer schonn. D'Claudine Muno stellt eis de ganz poppege Song vum Dag vir.